De 29ten a 30ten Juni war et erëm esou wäit! Den TouristInfo vum Kanton Réiden huet op hiert touristescht Fest fir Grouss a Kleng invitéiert. Dëst Joer huet de Weekend vum Wëlle Westen zu Useldeng stattfonnt, Samschdes op der Buerg a Sonndes mat engem Quiz-Rallye ronderëm d‘Duerf.
Begleet vun der Museksschoul Kanton Réiden, ënnert der Moderatioun vum Christian Schmit, a mat grousser Ënnerstëtzung vun de Kultur-a Buergfrënn gouf de Weekend vu sëllege Politiker*innen an Éieregäscht ageleet.
Fir Animatioun, Iessen & Gedrénks a Spill & Spaass war iwwert de ganze Samschdeg gesuergt. Am Buerg- an am Millenhaff konnten d’Visiteuren eng ganz Panoplie u Stänn aus der Regioun bewonneren a bei Aktivitéite matmaachen. Vu Ritterschëlder a Schwäerter bemolen, iwwert Alpakaen heemelen, Kraider erëmfanne bis hin zum Schiferatelier a Face-painting; eng gutt Zäit fir déi ganz Famill war garantéiert! Niewebäi war natierlech och fir musekalesch Begleedung gesuergt mat Hëllef vun Djembé, der Lou Tennant & Band, den Troubadours d'Aliénor, a Powerblech.
Highlight dëst Joer ware gratis Visitte fir Kanner an Erwuessener vun der Useldenger Buerg, d’Präsenz vun der faszinéierender Dollarmatti, wéi och d’Begleedung vum Potty Lotty um Wiichtelcherswee.
Den TouristInfo Wëlle Westen seet all den touristesche Partner a Veräiner e grousse Merci, déi zum Succès vun dësem Event bäigedroen hunn! Vu datt de Weekend vum Wëlle Westen all Joer op engem aneren touristesche Site stattfënnt rode mir iech un: stay tuned!
Rückblick auf unseren ''Weekend vum Wëlle Westen 2023''.
Die 2. Ausgabe war ein großer Erfolg und lockte nicht nur in- und ausländische Touristen, sondern auch nationale Politiker auf das Gelände des Schiefermuseums.
In diesem Jahr fand die Veranstaltung an einem einzigen Touristenort statt und nicht an vier wie im Vorjahr.
So ist jedes Jahr ein anderer Ort an der Reihe, die Besucher des ''Weekend vum Wëlle Westen 2023'' einzuladen.
Am 2. und 3. Juli 2022 hat die 1. Edition vom ''Weekend vum Wëlle Westen'' stattgefunden.
2022 spielte sich das Event gelichzeitig an 4 touristischen Orten ab: Useldinger Burg, Thillenvogtei in Rindschleiden, die Beckericher Mühle und das Schiefermuseum in Haut-Martelange.
Die Teilnehmer konnten mit einem kostenlosen Shuttlebus die Orte wechseln.