07.04.2025

SEITENZAUBER BUCHSEITEN VASEN-WORKSHOP!

Programm

Hues du Loscht, al Bicher a wonnerbar Konschtwierker ze verwandelen? Da komm an eise Säitezauber: Bichersäite-Vasen Atelier a léier, wéi’s du Bichersäiten zu impressionante Vasen faalt!


An dësem kreativen Atelier weise mir dir Schrëtt fir Schrëtt, wéi’s du mat einfache Faaltechniken al Bicher an eenzegaarteg Dekoratiounsobjete verwandels. Egal ob als Kaddo oder als Highlight an dengem eegenen Heem – deng selwergemaachte Bichersäiten-Vas wäert garantéiert all Blécker opsechzéien!


.

Wat erwaart dech?

- Aféierung an d’Konscht vum Bichersäitefalen

- Kreativ Iddien an Inspiratiounen

- Professionell Uleedung an Ënnerstëtzung

.

- Deng eege Bichersäite

-Vas fir mat heem ze huelen


Entdeck d’Magie vum Pabeierfalen a loosss denger Kreativitéit fräie Laf. Keng Virkenntnisser noutwendeg – jidderee ka matmaachen! Mell dech elo un a sécher dir deng Plaz am Säitenzauber: Bichersäite-Vasen-Atelier. Mir freeën eis op dech!

Allgemeine Informationen

ManuKultura

1, am Millenhaff
L-8706 Useldange

Siehe auf der Karte

Datum

Montag, 07 April 2025 - 09h00


Preise


Kontakt

T : +352 23 63 00 51 28