08.04.2025

ATELIER SCULPTURE: OUT OF THE BOX

Programm

Wëllkomm an eisem Atelier iwwer Kartong-Skulpturen! An dësem kreativen a prakteschen Atelier wäerte mir an déi faszinéierend Welt vun de Kartong-Skulpturen andauchen. Kartong, e Material, datt alldeeglech benotzt gëtt an oft ënnerschat gëtt, bitt erstaunlech Méiglechkeete fir kënschtlereschen Ausdrock an handwierklech Fäegkeeten.


Eis Rees fänkt mat enger kuerzer Aféierung an d’Geschicht an d’Grondlage vun der Kartong-Skulptur un. Mir maachen eis mat verschiddenen Techniken vertraut, fir Kartong ze formen, ze schneiden an ze verbannen. Dobäi léiere mir, wéi ee mat einfache Materialien beandrockend a komplex Strukturen erschafe kann.


Am Laf vum Atelier wäerte mir souwuel theoretesch Wëssen wéi och praktesch Fäegkeeten erlaangen. Et gi vill Geleeën heeten, fir eegen Iddien ze entwéckelen an individuell Projeten ëmzesetzen. Egal ob Dir Ufänger sidd oder schonn Erfarung am Beräich Konscht an Handwierk hutt, dësen Atelier bitt fir jiddereen spannend Erausfuerderungen a kreativ Reizer.

.


Loosst ärer Fantasi fräie Laf an entdeckt déi villfälteg Méiglechkeeten, déi Kartong als kënschtlerescht Medium bitt. Mir freeën eis op eng inspiréierend an produktiv Zäit mat Iech!


Ab 13 Joer

.

Max 8 Persounen

Allgemeine Informationen

ManuKultura

1, am Millenhaff
L-8706 Useldange

Siehe auf der Karte

Datum

Dienstag, 08 April 2025 - 09h00


Preise


Kontakt

T : +352 23 63 00 51 28