05.07.2025 - 06.09.2025

TEXTILE MIKROBIOLOGIE VIREN AUS WOLLE

Programm

Salut Kanner! Hutt Dir Loscht, Är Kreativitéit op eng ganz nei Aart a Weis ze entdecken? Da kommt an eise wollige Virenatelier a taucht an déi spannend Welt vun der Mikrobekonscht an!


An dësem mega coole Workshop bastele mir zesumme lëschteg a faarweg Viren aus Woll.


Dobäi kënnt Dir Ärer Fantasie fräie Laf loossen a eenzegaarteg kleng Konschtwierker erschafen.


Egal ob Dir scho Bastelprofien sidd oder et einfach mol probéiere wëllt – bei eis ass jidderee wëllkomm!


.

Wat erwaart Iech?

- Kreatiivt Bastele mat Woll

- Spannend Fakten iwwer Viren a Mikroben

- Eng flott Zäit mat neie Frënn

- Är eegen, selwergemaachte Wollvire fir mat heem ze huelen Maacht mat a loosst eis zesumme an d’Welt vun de Viren andauchen

– natierlech ganz ongeféierlech a super lëschteg!

.


Mellt Iech elo un a séchert Iech Är Plaz an eiser wollige Virenatelier. Mir freeën eis op Iech!


Fir Kanner vun 6 bis 12 Joer

Allgemeine Informationen

ManuKultura

1, am Millenhaff
L-8706 Useldange

Siehe auf der Karte

Datum

Samstag, 05 Juli 2025 - 14h00
Samstag, 06 September 2025 - 14h00


Preise


Kontakt

T : +352 23 63 00 51 28